Humanities – munnecher mengen, dat wieren all déi Fuerschungsrichtungen, mat deenen ee kee Geld ka verdéngen. Mam Sammelbegrëff Humanitatis goufe schonn am Mëttelalter déi Disziplinne benannt, déi net mat Gott, mee mam Mënsch ze dinn haten: Sproochen a Literatur, Philosophie, Geschicht an Archeologie, Konscht.
D’Humanities, ongeféier gläichbedeitend mat “sciences humaines” oder “Geisteswissenschaften”, sinn awer vun den Unversitéiten net ewechzedenken, well se eis nei Erkenntnisser iwwert eis selwer bréngen: iwwert den Impakt vu Facebook op d’Sprooch, d’Geschicht vum Fussball, d’Verännerungen, di Telé an eisem Alldag bruecht huet, d’gesellschaftlech Roll vun der chinesescher Oper, den Afloss vum Hitchcock op de moderne Krimi oder de Stellewäert vun der portugisescher Immigratioun an eise Geschichtsbicher.
“Humanities Talk” ass e Rendez-Vous am Laboratoire vun de Geeschteswëssenschaften. An deem Labo ginn et keng Mikroskopen, mee Dictionnairen, Bichertierm a Computermoniteuren, Kameraen an Opnahmegeräter. A matzen dra sëtze Leit, di mat detektiveschem Äifer déi Spueren analyséieren, di d’Mënschheet hannerléisst.
All véierzéng Deeg trëfft d’Sozialwëssenschaftlerin Renée Wagener Leit aus der Welt vun de Humanities, a kënnt mat hinnen an d’Gespréich iwwert hier aktuell Projetën.
Näxt Sendungen, all Kéiers sonndes um 19h30:
17.1.: Filmszenario an historesche Kontext: D’Geschicht muss stëmmen
Viru kuerzem ass deen neie Lëtzebuerger Film „Eng nei Zäit“ an d’Kinoë komm. Et geet doran ëm d’Nokrichszäit, déi nach staark geprägt ass vum Zweete Weltkrich. Wéi gëtt aus engem historesche „Fait divers“ eng Story? Am éischte „Humanities Talk“ geet et mat der Szenaristin Viviane Thill doriwwer, wéi si den historesche Background vun der Filmgeschicht erfuerscht huet.
7.2.: Dat eent A kuckt d’Tëlee, dat anert den Tablet
Chatten oder surfen, während d‘Tëlee leeft, dat ass net nëmme fir Jonker eng alldeeglech Praxis. Multiscreening: e Fall fir d’Mediefuerschung. Mat der Kommunikatiounswëssenschaftlerin Anouk Siebenaler geet et dorëm, wéi sech eisen Ëmgang mam Medium Tëlee verännert – a wat dat fir Konsequenzen huet
21.2.: L’affaire “Buergfrid”. Retour sur un scandale politique
En 1969, la ministre Madeleine Frieden-Kinnen était accusée d’être impliquée dans une affaire de mœurs. Anecdote ou incident significatif ? Pascale Oberlé a fait un travail de recherche sur les aspects juridique, politique et médiatique du cas « Buergfrid » et à sa signification historique.