“Et ass schwéier, engem Mënsch eppes ze verstoen ze ginn, wa säi Salaire dovun ofhänkt, dass hien et net versteet,” (“It is difficult to get a man to understand something, when his salary depends upon his not understanding it!”) sot den amerikaneschen Auteur Upton Sinclair virun 80 Joer.
An deene leschten zwou Woche war vill vun der sougenannter #Luxleaks-Affaire ze héieren: iwwer 340 multinational Entreprisen hu mat Hëllef vu PricewaterhouseCoopers (PwC) tëschent 2002 an 2010 massiv Steiere “gespuert”, andeems se vun der Lëtzebuerger Rechtslag an der proaktiver Hëllef vun der Lëtzebuerger Administratioun profitéiert hunn. Dat ganzt ass mat enger Rei vu Kontabilitéitstricker geschitt, déi geleefeg “Base erosion and profit shifting” (BEPS) genannt ginn.
Eis Regierung huet séier reagéiert, mat dräi Haaptargumenter:
1. et gëtt sou Rulings a ganz ville Länner (am Kloertext: “déi aner maachen et och!”)
2. et ass eng legal a regelkonform Praxis (“mir hunn näischt Verbuedenes gemaach”)
3. mir sinn net houfreg drop, dass dat gemaach ginn ass, also wäerte mer et änneren (“mir maache lo Eescht mat der Transparenz”).
An der Lëtzebuerger Press an op de sozialen Netzwierker huet een nach eng Hellewull aner Reaktioune kënne liesen. Si ware meeschtens am Tounfall vun “déi aner maachen et och” oder “déi aner si just jalous”: domadder setzt een sech mam eigentleche Problem net ausenaner.
Mir wëllen hei eng einfach These opstellen: dat wat all déi Joeren an eisem Numm gemaach gouf, ass net richteg.
Wat legal ass, ass net ëmmer gerecht.
Wa mir den Ënnerscheed zwëschen deenen zwee Begrëffer net verstinn, da musse mer zréck an de Geschichtscours goen, oder eis déi vill Länner uechter d’Welt ukucke wou all Dag Ongerechtegkeeten a Mënscherechtsverletzungen ënnert dem Deckmantel vun der Legalitéit geschéien.
Nëmme well anerer eppes maachen, musse mir et net och maachen.
D’#Luxleaks-Affaire ass symptomatesch fir e Lëtzebuerger Modell, deen op Finanznischen berout, déi aner Länner schiedegt: aner gutt bekannt Beispiller sinn den Tubak- an Benzintourismus.
D’Argument vun „déi aner maachen et och sou“ schéngt eis falsch: gesellschaftlech Modeller mussen op positive Choix’en berouen an net op der Kapazitéit wien am beschte fuddele kann.
Mir hunn all vun deem System profitéiert; mir hu gutt gelieft, mee mir hunn iwwert eise Verhältnisser gelieft. Déi meescht déi zu Lëtzebuerg wunnen a/oder schaffen hunn onrealistesch héich Peie fir onrealistesch héich Liewens- a Logementskäschten ze bezuelen. Mir hunn laang eis d’Aen an d’Oueren zougehalen, mee eis produktiv Economie ass vill ze vill kleng vis-à-vis vum Finanzsecteur an dem ëffentlechen Déngscht.
An dat schlëmmst – mir hunn op Käschte vun anere gelieft; net nëmme vun anere Staaten, och vun anere Leit wéi mir selwer, déi Steiere bezuelt hunn, während d’Multinationalen sech an hire Länner derlaanscht gedréckt hunn. Maache wei wann de Lëtzebuerger Modell keng negativ Konsequenze fir aner Länner hätt, ass net méi tragbar.
Et gëtt Zäit, dass mir eise Modell iwwerdenken. Diversifikatioun vun eiser Economie kann net nëmmen eng ëmmer méi grouss Diversifikatioun vun der Finanzplaz sinn.
Mir musse méi einfach a manner materialistesch liewe léieren. Mir musse Kreativitéit, Courage an Integritéit fuerderen an förderen, wou et nëmme geet. Mir musse wäitbléckend Reformen an der Fonction publique an an den ëffentleche Finanze maachen. Mir mussen all Tabu rondrëm d’Finanzplaz briechen. Déi (finanziell) Efforten déi mir mussen droe, fir eise Modell ze ännere musse gerecht verdeelt ginn an net exklusiv vun deene bezuelt ginn, déi Salariéë sinn.
De BEPS ass en Deelaspekt vun engem dereguléierte Finanzsystem – dem Offshore-System – dee mécht dass déi Räich ëmmer méi räich ginn an déi Aarm aarm bleiwen – ob a Mexico, am Nigeria, a China oder zu Lëtzebuerg. Et gëtt eng global Tendenz zu ëmmer méi enger grousser Inegalitéit: Oxfam huet ausgerechent, dass dëst Joer déi 85 räichste Leit esou vill besetzen, wéi déi äermsten Halschent vun der Mënschheet: dat si knapp iwwer 3,5 Milliarde Mënschen.
Mir mussen eis am Kloren doriwwer sinn, dass den Offshore-System déi Inegalitéit ëmmer méi schlëmm mécht, andeems en endlos Méiglechkeete schaaft fir Suen “enzwousch anescht hin” ze schafen. Dat ënnergrieft d’Capacitéite vu Staaten uechter d’ganz Welt fir Steierrecetten anzedreiwen, déi fir d’sozio-economesch Entwécklung vun hire Länner onverzichtbar sinn. Mir mussen eis froen, ob mir Accord sinn, en Deel vun sou engem System ze si, dee schlussendlech nëmmen am Interêt vu wéinege Mënschen ass – a sécher net vun enger nohalteger Entwécklung. Nohalteg Entwécklung brauch Steiergerechtegkeet.
Mir brauchen e Paradigmewiessel, hin zu enger responsabeler Economie, enger kohärenter Politik an enger inklusiver an oppener Gesellschaft.
Mir, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen a schaffen, mussen agesinn an acceptéieren, dass eist Land zu engem Deel vum Offshore-System ginn ass; dass eise Rechtsstat gekapert gouf vu finanziellen Interêten. Nëmme wa mer de Problem unerkennen a benennen, kënne mer hoffen, en ze léisen.
Lëtzebuerg muss säi Modell iwwerdenken, iwwerschaffen an zukunftssecher maachen.
Virun allem: mir däerfe keng Zäit verléieren domat. Dee sougenannte Lëtzebuerger Modell an der haiteger Form ass mëttelfristeg net ze halen. Iergenwann kann och Lëtzebuerg bei dem Steierdumping („race to the bottom“) net méi matmaachen. Wa mir eise Gesellschaftsmodell net vu baussen opgedrängt wëlle kréien, wei dat z. B. an Griicheland passéiert ass, hu mer besser en elo selwer ze änneren.
Vill vun eis schaffen aktiv drun: am Privatsecteur, an der Zivilgesellschaft, beim Staat. Dat ass keng Krichserklärung un d’Finanzplaz: mir hu vill Wëssen a Kompetenzen zu Lëtzebuerg, déi mer kënne positiv asetzen.
Nieft de rezente Propose vum G20 gëtt et nach eng ganz Panoplie vun aneren internationalen Initiativen a Partenariater. Méi informeller wéi den Open Government Partnership oder méi formeller wéi d’OCDE, wou mir Iddien a Virschléi mat anere Staaten a Gesellschaften deele kënnen, fir méi transparent a kompetitiv ginn. Mir brauchen e Gesetz iwwer Transparenz an Accès zu Informatioun, grad sou wéi en Deontologiecode fir all ëffentlech Funktiounen, Politiker a Beamten, dee méi wäit geet wéi dat wat mer bis lo hunn.
Nëmmen all zesummen hu mer déi demokratesch Legitimitéit, fir doraus ee Projet fir Lëtzebuerg ze maachen – mir brauchen e politesche Konsens, fir mat der Vergaangenheet ze briechen an en neien Ufank – en neie soziale Kontrakt – ze schreiwen.
Mir sinn eisen Noperen dat schëlleg, grad sou wéi all deene Mënschen, déi wäit vun eis wech wunnen, mee den Impakt vun eiser Finanzplaz spieren.
Mee dat ass net alles; mir sinn och de Generatioune vun eisen Elteren a Grousselteren dat schëlleg, déi un eisem Land gebaut hunn. Hier Devise war net: “Mir wëllen hale, wat mir hunn.”
An nach méi wichteg: mir sinn et der Generatioun vun eise Kanner schëlleg.
Luc Dockendorf an Benoît Majerus
Den Text gouf den 22. November 2014 am Lëtzebuerger Wort publizéiert. Et gëtt eng däitsch, franséisch, englesch, portugiesesch a spuenesch Versioun